Auf Facebook teilen Per E-Mail senden Drucken


Éinen - Ehnen


Éinen ass mat sengen enke Gaassen a senge villen historeschen Haiser eng konschthistoresch Pärel ënnert de Museldierfer. Net nëmmen d’Haiser, mee och hir Bauhären sinn Zeie vun den internationale Verflechtungen déi et schonn ëmmer laanscht d’Musel gouf. Zu Éinen hu franséisch Adeleger niewent Tréierer Hären a Lëtzebuerger Bierger hir Haiser opgeriicht. Zu Éinen fënnt een och déi eenzeg ronn Kierch aus dem Grand-Duché. Besonnesch den historesche Rondgank duerch déi pittoresk Gaasse mat Gebaier aus deenen ënnerschiddlechsten Epochen ass all Visiteur vun Éinen ze recommandéieren.


Niewent enger klenger Promenade duerch déi heemlech Gaasse vun Éinen bitt sech eng Visite am “Nationale Wäimusée” un. De Wäimusée ass am fréieren Domaine vun der Famill Wellenstein bei der Musel ënnerbruecht. Hei ginn déi verschidden Aarbechten an dat néidegt Handwierksgeschir aus dem Wäibau op eng flott an detailléiert Aart a Weis dem Interesséierte gewisen. Ee Musterwéngert hannert dem Musée weist dem Visiteur déi verschidde Riefzorten déi et op der Lëtzebuerger Musel gëtt.


Desweideren ass Éinen d’Heemechtsduerf vum Schrëftsteller an Dichter Nikolaus Hein. 1989 hu Lëtzebuerger Filmproduzenten dem Nikolaus Hein säi Roman “Der Verräter” als Grondlag an Inspiratiounsquell fir hire Film “De Falschen Hond” geholl. Een Deel vum Film gouf och an de pittoreske Gaasse vun Éinen gedréint.



Wënzer:


Caves Jean Leuck-Thull

Domaine Viticole Häremillen

Domaine Viticole Kohll-Leuck

Domaine Viticole Kohll-Reuland

Domaine Viticole Jean Linden-Heinisch

Domaine Vinsmoselle


Brenner:

Distillerie Dolizy & Guillon